Top Secret
TOP SECRET 7: Am Geriicht

An der "Top Secret"-Editioun Nummer 16 ass den Dan Wiroth an den ale Palais de Justice gaangen - hei e puer Fotoe vun der markanter Face. An der Nummer 19 huet den Dan Wiroth an der "Asservatekummer" an der neier Cité Judiciaire um Helleggeeschtplateau gedréint - also do, wou Beweisstécker leien. Dorënner och déi (orange) "Black Box" vum accidentéierte Luxair-Fliger. Fotoen: Dan Wiroth Link op d'Emissioun


TOP SECRET 6: Lager vum 'natur musée'

Op Visite an der "Schatzkummer" vum Musée national d'histoire naturelle, besser bekannt als "natur musée". Den Dan Wiroth war am MNHN sengem Depot zu Kielen. Hei waarde ronn 6 Siwentel vum Musée sengem ganze Fundus op hiren nächsten Optrëtt eben an deem Musée, wou just Platz fir ronn ee Siwentel vun alle präparéierten Déieren ass. Eng spannend Rees duerch dee faszinanten Dschungel an enger blechener Hal ... Fotoen: Dan Wiroth Link op d'Emissioun


TOP SECRET 5: Onbekannte Minnen

Ënnert dem Buedem: Eng onbekannte Minn an der Géigend vun Esch vum Rëmelenger Minnemusée an eng Minn hannert der Grenz am franséischen Hussigny-Godbrange. Weider Infoen: www.mnm.lu www.mairiehussignygodbrange.fr Tel. +352 621 149 700 (Fotoen: Nora Watgen) Link op d'Emissioun


TOP SECRET 3: An der Zentralbank

Déi drëtt geheim Plaz vun eiser neier Serie ass d'Zentralbank (Emissioun vum 8. Februar 2010). D'Bank vun de Banke läit um Boulevard Royal an hei ginn all Dag vill Sue gezielt, kontrolléiert an och geschreddert, wa si net méi gutt ginn. Ronn een Drëttel vun alle Schäiner - bei deene klenge Coupure sinn et der méi, bei deene grousse manner - geet dëse Wee. Fir datt et och weider heescht: Geld sténkt net ... Erauskënnt dann esou e klenge Konfetti, datt een ni méi Suen dorausser maache kann. Wie sech schonn ëmmer wéi den Dagobert Duck fillen an am Geld schwamme wollt, dee sollt sech dës Biller net entgoe loossen. (Wien net kucke kann, wa Geld futti gemaach gëtt, dee besser net.) A wousst Dir schonn, datt eis Pabeierseuroen net aus Pabeier, mee aus Cotteng sinn? (Fotoen: Luc Marteling) Link op d'Emissioun


TOP SECRET 2: Rout Bréck - drënner an dran

An der zweeter Top-Secret-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg (8. Feburar 2010) geet et an an ënnert d'Rout Bréck. Fir eng "Sichtprüfung" vun deem 355 Meter laange "Sprengwerk" (esou déi technesch Bezeechnung vun deem "Ouvrage d'art") ze maachen, kann een mat engem Weenchen ënnert der Bréck tëscht den 2 Caissonen vun där enger op déi aner Säit fueren a sech d'Bréck vun alle Säite geneeëstens ukucken. Allerdéngs muss een da schwindelfräi sinn, well et hänkt ee 75 Meter iwwert der Uelzecht ... (Fotoen: Dan Wiroth) Link op d'Emissioun


TOP SECRET 1: D'Fourrière judiciaire zu Suessem

An der éischter Top-Secret-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg (1. Feburar 2010) goung et an d'Fourrière judiciaire op Suessem. 2 vun den 20 Halen um militäreschen Terrain vun der WSA sinn hei virun allem fir Autoe reservéiert, déi en Dossier um Geriicht hunn; dorënner och vill accidentéiert Ween. (Déi aner Halen huet d'US Air Force fir d'Nato am Gebrauch.) Aus dem Geriichtsuerteel geet an der Regel ervir, wat mat den Autoe geschitt: Restitutioun (ca. 40%) oder Stee (ca. 60%) oder, méi seelen, Destruktioun. Eng 840 Gefierer stinn hei, eng 160 zu Colmar-Bierg, wou eng Dependence fir den Norden ass. Derbäi kommen e sëlleche Beweismëttel, virun allem méi grouss Kaliberen, vu Prozesser oder Enquêten. Dat kënne Miwwelen aus enger Disco oder engem Bordel sinn, eng Leeder, mat där zu Schraasseg ausgebrach sollt ginn, geklaute Wäschmaschinnen oder gefälschte Kleeder an CDen. An enger vun den 2 Fourrières-Hale leien awer och d'Wrackdeeler vun där Luxair-Maschinn, déi de 6. November 2002 tëscht Rued/Sir an Nidderaanven erofgefall ass. An där anerer ginn et 2 iwwerdimensionéiert Frigoen: an deem enge leien d'DNA-Träger vun der Police, an deem anere sinn z.B. Zigarette stockéiert, déi awer scho laang periméiert sinn (si hunn nach Flux-Steierbännercher). Tëscht den 2 Halen leien d'Wracke vun deene Autoen, déi viru kuerzem aus der Musel gefëscht goufen, an déi Gefierer, déi bei den Iwwerfall op Fourgoen mat am Spill waren. (Fotoen: Luc Marteling) Link op d'Emissioun