Famillenduell

D’Famillenduell, geschwënn op RTL Télé Lëtzebuerg!

Är Famill ass grouss, kleng, faarweg, normal, verréckt, aussergewéinlech – oder e bësse vun allem? Bei Iech ass ëmmer eng lass an zesumme sidd Dir net ze schloen? Da sidd elo dobäi, wann et heescht "Mir hunn 100 Leit gefrot...."

Beim Famillenduell spillen ëmmer zwou Famille géinteneen. Déi Famill, déi no 4 Ronnen déi meeschte Punkte gesammelt huet, kënnt an d’Finall an huet Méiglechkeet, den Dagespräis vun 2.000 Euro ze gewannen. All Famill ka 4 Mol hiren Titel verdeedegen, also 5 Mol an der Finall stoen, fir um Enn de grousse Präis vu mindestens 10.000 Euro mat heem ze huelen.

Dir wëllt gäre mat Ärer Famill bei dem Famillenduell op der Télé untrieden? Da mellt Iech elo hei un! Mir freeën eis op Iech!

Mann Fra





INFORMATIOUNEN IWWERT ÄR FAMILL


WEE MÉCHT MAT? GITT 6 KANDIDATEN AUS ÄRER FAMILL (inkl. Iech) HEI UN

1. FAMILLEMEMBER = SPRIECHER (DAT SIDD DIR!)

2. FAMILLEMEMBER

3. FAMILLEMEMBER

4. FAMILLEMEMBER

5. FAMILLEMEMBER

6. RESERVE-FAMILLEMEMBER*

* E Famillenteam besteet aus 6 Memberen (engem Spriecher – also Dir – a 5 weidere Famillememberen). Déi 6. Persoun, déi Dir hei aginn hutt, ass e Reserve-Spiller, deen nëmmen am Noutfall asprange kann.




Fir matzemaachen

Passt w.e.g. op, datt nëmme Leit, déi um Datum vum Casting 16 Joer hunn, bei der Emissioun matmaache kënnen. Ausserdem mussen och 2 Membere vum Team volljäreg sinn.

Déi Leit, déi beim Famillenduell matmaache wëllen, mussen ënnert sech ënnert iergendenger Form verwandt sinn (Schwoer, Schwéiesch, Cousin(e), Geschwëster, Elteren a Grousselteren.... )

Dës Aschreiwung ass nach keng Garantie, datt Dir beim Casting oder bei der Produktioun vun der Sendung dobäi sidd.

All Bild- an oder Tounopnamen, déi Dir RTL bei der Aschreiwung matgitt oder zoukomme loosst, gehéieren RTL a ginn net nees zeréckgeschéckt. Dëst Material ka weiderhi vun RTL fir Promotiounszwecker benotzt ginn.

OK


Dateschutz

All Är Informatiounen, déi gespäichert ginn, gi vertraulech behandelt a just fir d’Aschreiwung gebraucht a ginn a kengem Fall un Drëtter weiderginn. All gespäichert Donnéeën ënnerleien dem Lëtzebuergeschen Dateschutz. Weider Informatiounen fannt Dir an eise Conditions d’Utilisation.

OK