Mir siche Käch/innen déi bereet sinn, fir een Owend hir Wunneng an e Restaurant ëmzebauen fir 10 friem Gäscht ze bekäschtegen.

D'Gäscht gi Punkten vun 0 – 10 op:
- Ambiance
- Dekoratioun
- Service
- Menü – (Entrée, Haaptplat an Dessert & Gedrénks)

De Kach/Kächin muss géint 2 Konkurrenten untrieden an dee mat den meeschten Punkten ass um Enn de grousse Gewënner vun engem Akafsbong vun 10.000 Euro beim Kichechef op der Cap.

  • Dir sidd Hobby Kach/Kächin an hutt Zäit a Loscht fir 1 Dag e Restaurant “opzemaachen”
  • Dir hutt Loscht 3 Owender laang "e klenge Restaurant doheem" ze testen
  • 1 Umellung ass fir max. 2 Persounen

Mellt Iech elo un!

Formulaire: Ech wëll testen!


Dir hutt Loscht "e klenge Restaurant doheem" ze testen. Umellung ass fir max. 2 Persounen.

Formulaire: Ech wëll kachen!


Dir sidd Hobby Kach/Kächin an hutt Zäit a Loscht fir  1 Dag e Restaurant "opzemaachen".

Meng Donnéeë si richteg an ech sinn domatter averstanen datt mäi Formulaire verschéckt gëtt!

Jo Nee