Lancia Ypsilon

80x80.jpg

Wéivill Plaz brauch Luxus? Net vill, äntwert Lancia. Déi nei Generatioun vum Ypsilon gëtt als Luxus-Stadauto verkaaft. Mä hält dee klengste Lancia dat Verspriechen? De Pascal Becker huet et getest.

>> Informéiert Iech.

Bäitrag liesen


Index

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 > »
Audi Q5 Hybrid
30.06.2011, 16:33

80x80.jpg

Gréng läit ganz am Trend. Esouguer Clienten vun Autoen, déi ekologesch eigentlech net ganz korrekt sinn, wëllen e gréngen Deckmäntlechen. Hybrid heescht d'Zauberwuert. Am Hierscht bréngt Audi mam Q5 Hybrid e Modell fir dat gréngt Gewëssen ze berouegen. De Pascal Becker huet en op Mallorca probéiert.

>> Informéiert Iech.

Jeep GrandCherokee
17.06.2011, 11:56

80x80.jpg

Den Jeep GrandCherokee ass esou eppes wéi de Grousspapp vun all SUV. Et war nieft dem RangeRover den éischten Auto, deen Offroad-Kompetenz mat Onroad-Confort verbonnen huet. 2011 bréngt Jeep déi neiste Generatioun eraus, déi sech manner amerikanesch fiert wéi bis elo. De Pascal Becker huet d'Diesel-Versioun probéiert.

>> Informéiert Iech.

VW Sharan
03.06.2011, 09:23

80x80.jpg

VW war net presséiert. 15 Joer laang stoung de Sharan I an de Präislëschte. De Sharan II ha deemno Zäit ze räifen. An dat huet sech rentéiert. De Pascal Becker gouf positiv iwwerrascht. Et as den éischte Van wou hie sech net blaméiert huet fir ganz no hannen ze kloteren a wou säi geplote Réck beim Sëtzëmklappen net gelidden huet.

>> Informéiert Iech.

Bentley Mulsanne
19.05.2011, 16:21

80x80.jpg

De Pascal Becker fänkt u mat philosophéieren. Fir de Bentley Mulsanne ze beschreiwe gëtt esouguer den ale Sokrates beméit. Donieft gëtt d'Fro gekläert, wat Sënn an Zweck vu groussen Autoen a Schlässer ass, a wou d'Grenz tëschent Vulgaritéit an Understatement verleeft.

>> Informéiert Iech.

Audi A6 3.0 TDI quattro & BMW 530d xDrive
09.05.2011, 12:17

automag.jpg

Dat éiwegt Duell Audi-BMW geet mam neien A6 an eng weider Ronn. BMW bréngt an dësen Deeg d'xDrive-Versioun vum 5er eraus. Serge Pauly a Pascal Becker hu béid Business-Limousine matenee verglach. Zweemol 3-Liter-Diesel, Allrad, Automatik a laang Optiounslëschten...

>> Informéiert Iech.

Lexus CT200h
21.04.2011, 14:47

80x80.jpg

Lexus war bis elo net an der Kompaktklass aktiv. Dat ännert sech mam CT, deen als eenzeg Motorisatioun den Hybridsystem vum Cousin Prius ënnert dem Capot huet. Dem Pascal Becker säin éischten Androck: Luxus gutt, Sport besser wéi erwaart, Verbrauch net optimal.

>> Informéiert Iech.

Mercedes SLK
08.04.2011, 08:25

80x80.jpg

D'Formel ass zënter 15 Joer déi selwecht. Och an der drëtter Generatioun trëtt den SLK als kuerzen 2-Sëtzer mat Klappdaach un. De Pascal Becker huet déi klengste Motorisatioun, den SLK200, probéiert a kënnt zur Conclusioun, dass dat duergeet fir de Kabriofeeling ze genéissen

>> Informéiert Iech.

Hyundai Genesis Coupé V6
24.03.2011, 16:20

80x80.jpg

Hyundai huet scho vill Coupéë gebaut. Mä den Genesis ass deen éischten no deem een sech ëmdréint. Deen éischte mat serieuxem erotesche Potential. A mat engem driftfreedege Chassis. De Pascal Becker huet bei sengem Test iwwert d'Fro philosophéiert, op do bëllege Plastik nach wichteg ass...

>> Informéiert Iech.

Peugeot 508
10.03.2011, 17:26

80x80.jpg

Et ass en Domäne, an där däitsch Marken den Toun uginn: Limousinen an der ieweschter Mëttelklass. Elo probéiert mat Peugeot erëm eng franséisch Mark hiert Gléck. De Pascal Becker huet den Test gemaach: mat zouenen Ae mierkt ee quasi Ënnerscheed méi tëschent däitscher a franséischer Finitioun...

>> Informéiert Iech.

BMW X3
24.02.2011, 19:30

80x80.jpg

Deen alen X3 war net onëmstridden: ze haart an net premium genuch verschafft. Fir d'Neioplag huet BMW reagéiert. Den X3 soll endlech den eegenen Uspréch gerecht ginn. De Pascal Becker huet den 2-Liter-Diesel probéiert.

>> Informéiert Iech.

Citroën C4
10.02.2011, 19:29

80x80.jpg

Grad ewéi mat C3/DS3 proposéiert Citroën elo och an der Kompaktklass zwee verschidde Modeller: den C4 an den DS4. De Pascal Becker huet mam C4 déi méi confortabel, sober Variant probéiert. Am Verglach mam Virgänger ass den neien C4 manner revolutionär a besser verschafft.

>> Informéiert Iech.

Ford Grand C-Max
27.01.2011, 18:30

80x80.jpg

Renault huet de Kompaktvan erfonnt. Si waren déi och éischt, déi d'Konzept an d'Längt gezunn hunn. Elo zitt Ford no. Pénktlech fir den Autofestival gëtt den C-Max an zwou Versioune presentéiert, als kompakten C-Max an als Grand C-Max. De Pascal Becker war mam 7-Sëtzer ënnerwee.

>> Informéiert Iech.

Saab 9-5
16.12.2010, 20:00

80x80.jpg

De Saab 9-5 gouf bal en onschëllegt Affer vun der Finanzkris. Eréischt nodeems eng kleng hollänesch Firma agesprongen ass, war d'Iwwerliewen vun der schwedescher Traditiounsmark geséchert. Den Ex-Hobby-Pilot Pascal Becker huet sech virun allem fir déi aeronautesch Touche vum neien 9-5 begeeschtert.

>> Informéiert Iech.

Nissan Juke
02.12.2010, 20:00

80x80.jpg

De Pascal Becker kann net vill mat Marketingmanager a Powerpoint-Présentatiounen ufänken. Mä grad dowéinst huet den neien Nissan Juke him et ugedoen. Mä wat verstoppt sech soss nach hannert dem ongewéinlechen Anti-Mainstream-Look ?

>> Informéiert Iech.

Kia Sportage
18.11.2010, 16:31

80x80.jpg

Fréier huet d'Konkurrenz iwwert Kia an hir bëlleg Offroader gelaacht. Dat huet sech entretemps geännert. Haut brauch sech den neie Sportage net méi hannert sengem Präisschëld ze verstoppen. Hien huet aner Qualitéiten, déi iwwerzeegen. De Pascal Becker huet de Kia Sportage 2WD probéiert.

>> Informéiert Iech.

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 > »