Um Dënschdegowend, 3. Januar 2012 mécht RTL Télé Lëtzebuerg am Magazin e Suivi vun der grousser Ecolopoly-Staffel 2011!

Wourëm geet et? Ufank Mäerz ass de Lëtzebuerger "Overshootday". Dat heescht, datt mir als Land da schonn all eis Ressourcen, déi mir theoretesch fir ee Joer ze gutt hätten, opgebraucht hunn. Den Ament brauch d'Mënschheet, wa jiddereen op der Welt et eis no maache géng, d'Ressourcë vu 6 Planéiten d'Joer ... Mee kann een iwwerhaapt manner verbrauchen?

Manner ass méi, mä ass et och méigelech?

Am Kontext vun der Caritas-Campagne "einfach liewen" huet RTL Mëtt 2011d'Serie ECOLOPOLY lancéiert. Verschidde Kandidaten hu probéiert, méi bewosst ze liewen. Déi eng goufe vun der Télé begleet, déi anerer hunn op RTL.lu geblogged.


         De Reportage vum Raphaëlle Dickes op RTL Radio Lëtzebuerg: Elo lauschteren

          Ecolopoly: Ee klenge Bilan vun TV-Emissioun a Blog (Text: Carole Reckinger)


Dir sidd all häerzlech invitéiert, matzebloggen:
Froe stellen, Tipps matdeelen oder kommentéieren!

De Blog vun den RTL.lu Kandidaten

 


D'Meenung vun de Blogger entsprécht net forcément der Meenung vun der Caritas oder RTL.


Ecolopoly Suivi (03.01.2012)

Virum Summer hunn 3 Haushalter probéiert, hiren ekologesche Foussofdrock erofzesetzen. Wou sinn si haut drun?


Ecolopoly Finale (12.07.2011)

8 Wochen lang hun 3 Haushalter probeiert hieren ecologeschen Foussofdrock ze reduzeieren. Et gett Zait den Bilan ze zeihen.


Ecolopoly Lifestyle (05.07.2011)

Ecolopoly, dat ass den neie Magazin iwwer Leit déi probéieren méi einfach ze liewen, mat manner Ressourcen an méi nohalteg.


Ecolopoly Ooffall (21.06.2011)

Bei Ecolopoly kucken ais Kandidaten haut nët just waat sie alls weggehaien, mee paaken och nach Hand mat un wann et drëm geet hiren Ooffall ze reduzéieren.


Ecolopoly Transport (14.06.2011)

Transport an Mobiliteit sinn déi Keier d'Haapthemen am Ecolopoly. D'Kandidaten testenwWeieng Meiglechkeeten et gëtt fir sech mei einfach vun A op B ze bewegen?


Ecolopoly Wunnen (31.05.2011)

Dës Keier kreien d'Kandidaten Besuch vun der Eco-Designerin Petz Scholtus waat hinnen verreit wat sie am Beraich Wunnen kennen emsetzen.


Ecolopoly (24.05.2011)

Ecolopoly, dat ass den neie Magazin iwwer Leit déi probéieren méi einfach ze liewen, mat manner Ressourcen an méi nohalteg.