An eisem Land sti vill Skulpturen am ëffentleche Raum, Konschtwierker wou ee vläit oft laanscht geet oder mam Auto laanscht fiert an ni kuckt vu weem se sinn a firwat se do stinn. Dat wëlle mer änneren an dofir picke mer eis all Woch ee vun dëse Monumenter eraus an erzielen Iech wat dohannert stécht. Erausgepickt fir dat d’Kultur keng Plomme léisst.





