Thema: Lëtzebuerger Humor
![]() |
Laache verbënnt! Et kann een iwwert sech laachen, iwwert Situatiounen an iwwer aner Leit. Wou sinn d'Grenze vum Humor a gëtt et en typesch lëtzebuerger Humor? |
|---|
Index
![]() |
De moderne Mensch sëtzt vill ze vill an ass u sech awer op Bewegung programméiert, dat seet d'Medezin an de Message kënnt un: ëmmer méi Mënschen hale sech fit. Just, wou ass d'Grenz? Wéi wäit soll ee goen, wéivill dovun ass Drock vun der Gesellschaft, wéivill kënnt vum Kommerz a wou mécht de Kierper net méi mat? |
|---|
![]() |
Wat wëllst du emol ginn? D'Äntwert op déi Fro gehéiert zu de wichtegsten am Liewen, mä wéi gutt bereeden ons Schoulen déi Jonk vun haut dorobber vir fir dee Metier ze fannen dee bei si passt, déi Ausbildung oder Studien ze sichen déi di meeschte Chancë bidden? D'Méiglechkeete sinn enorm mä grad esou de Besoin no enger gudder Orientéierung, am Kloertext gëtt d'Fro gestallt wéi gudd si zu Lëtzebuerg ass! |
|---|
![]() |
Et feelt u Kraft, kierperlech a séilech, alles ass zevill, et kann een einfach net méi funktionnéieren, et schleeft ee sech op d'Aarbescht… Wann dat zoutrëfft, dann huet een e Burn Out! E Krankheetsbild dat an ons modern Zäit passt. Mä wat brennt d'Mënschen aus, wéi gëtt hinne gehollef a wat muss an de Betrieber gemat ginn fir et ze verhënneren? |
|---|
![]() |
Mir sinn houfreg op ons Villsproochegkeet, just wéi gutt ass den Niveau wierklsch vun onse Jonken? Kann den Usproch vun der Dräisproochegkeet an onse Schoulen weider héich gehale ginn bei Klassen di ëmmer méi gemëscht sinn, wou den Undeel u Kanner déi nach doheem lëtzebuergesch schwetzten rapid ofhëlt? |
|---|
![]() |
Emol d'Joer en anere sinn a sech goe lossen... Déi eng freeë sech d'ganzt Joer op di géckeg Zäit, déi aner refuséiere Kostüm a Schunkelowenter, mä wat mécht de Reiz vun der Fuesend aus? Ass et nach dat selwecht wi fréier, mat ëmmer manner Kavalkaden an ëmmer méi Après-Ski amplaz vun traditionnelle Baler? |
|---|
![]() |
Quoten oder net Quoten, dat gëtt a ganz Europa diskutéiert! Och zu Lëtzebuerg sinn nëmmen 2% vun de Verwaltungsréit Fraen, an der Wirtschaft hunn se guer näischt ze radetten, sollen d'Fraen zu hirem Gléck gezwongen an d'Männer deels entmuecht ginn, oder gëtt et aner Weër fir d'Gläichberechtigung, a wéi steet et domadder an der Educatioun oder der Magistratur - brauche mer do gläich Männerquoten? |
|---|
![]() |
2500 Austrëtter zënter 2009. Och zu Lëtzebuerg hunn di rezent Skandaler an der Kierch Reaktiounen ausgeléist an d'Diskussioun rëm opflame gedoen iwwert d’Relatioun tëscht Kirch a Staat, iwwert de Finanzement a ganz allgemeng iwwert de Stellewäert vum Glawen an enger moderner Gesellschaft. |
|---|
![]() |
Déi eng héngere sech ze Doud, déi aner falen an d'Iessen a ginn ëmmer méi déck an da gëtt et nach déi di Friessattacken hunn mä alles nees erëmginn. Mä egal ob Magersucht, Binge-Eating oder Boulemie, all hunn se eppes gemeinsam: e gestéiert Verhältnës zum Kierper! Wouhier kënnt deen enormen Drock engem Ideal z'entspriechen, dat di mannst ereechen? Wéi verbreet ass de Problem? >> Informéiert Iech |
|---|
![]() |
Wat bréngt d’Zukunft, déi Fro hu sech Mënschen zu allen Zäite gestallt - ëmmer goung et ëm Vir- an Nodeeler vum Fortschrëtt, just nach ni gouf et esou eng Accélératioun an Explosioun vu Wëssen! Wat sinn d'Zukunftsperspektiven déi nächst 20 Joer, wat fir nei Froe werfen se op? Iwwert d'Verhältnës vun Transparenz an Privatsphère.. wéi veränneren nei Technologien onst Denken, Schaffen an ons Kommunikatioun? >> Informéiert Iech |
|---|
![]() |
De gudde Patt ass appreciéiert zu Lëtzebuerg, mä net just dee vun der Musel... Wourunner läit et? Just un der grousser Offer oder mussen ons Cruen nach besser vermaart ginn? Wat sinn d'Virléifte vun de d'Leit, wouno froe se, wéi gutt kennen se sech aus an a wéi wäit kann ee schmaache léieren? Alles ëm de Wäin an de Crémant, déi di se genéissen an déi di se produzéieren. |
|---|
![]() |
D'Biller vum Hirsch deen zu Ettelbréck
erschoss gouf, hunn d'Diskussioun fir oder géint Juegd nees
lancéiert! Eng déi nach ëmmer ganz passionnéiert gefouert gëtt,
och an der Populatioun: ass d'Juegd néideg fir de Wëldschued a
Grenzen ze halen oder sinn et grad d'Jeeër déi dat natierlecht
Gläichgewiicht zerstéieren duerch iwwerdriwwent Fidderen a Kirren,
ass d'Juegd natierlech, quasi Kulturgutt oder barbaresch? Wéi soll
d'Juegd an Zukunft geregelt ginn a wat geschitt iwwerhaapt mam
Fleesch? |
|---|
![]() |
Vu Kult iwwer witzeg bis bei komplett genervt... D'Reaktiounen op Publictéite sinn sou ënnerschiddlech wéi d'Reklamme selwer, mä entkomme ka keen, si sinn iwwerall! Eng gutt Pub muss och net onbedéngt gutt sinn mä eficace, just wéi? A wou sinn d'Grenzen, wat ass nach Tabu an onser Zäit, wat ass d'Zukunft an de neie Medien, wéi wäit verännere se de ganze Publicitéitsmarché a wat ass speziell zu Lëtzebuerg? >> Informéiert Iech |
|---|
![]() |
E Land an deem 70 Prozent vun den Aarbechstplazen vun Auslänner besat sinn, wou am ganzen 170 Natiounen liewen, an dat ouni Problemer, ouni Reliounssträit, Rietspopulisten, massiv Ausweisungen oder hëtzeg Debatten iwwert d'national Identitéit... Maache mir alles besser ewéi ons Noperen? A wa jo, wéi kënnt et dass vu schaffen, wunnen, feieren, bis an d'Schoulen dacks méi nieft wéi matenee gelieft gëtt? Wéi gutt ass ons Integratiounspolitik wierklech? >> Informéiert Iech |
|---|
![]() |
Dass „ouni Fleesch“ och schmaacht stellen di mannst a Fro. Vegetaresch Kichen ass ewell Normalitéit. Marginal dergéint ass déi veganesch, déi konsequent op all Déiereproduit verzicht! Fir Veganer ass Fleeschiesse Mord! Sinn dat just iwwerspante Déiererechtsfanatiker oder ass et den Ufank vun enger Bewegung déi Sënn mëcht, net just aus moralesche mä och aus öekologesche Grënn. >> Informéiert Iech |
|---|
![]() |
Ass de Sport deen neien Opium fir d’Vollek deen alles vergiessen deet a vun der Realitéit oflenkt? Oder ass et e spillerësche Krichsersatz deen den Natiounen d'Geleenheet gëtt sech mat hieren Helden z'identifizéiren an engem globale Volleksfest? Wat ass Spill, wat ass “big Business” bei Fussball a Vëlo a wat ass hir Roll an onser Gesellschaft? >> Informéiert Iech |
|---|
















