
Um grousse Casting den 28. Februar an den 1. Mäerz huet d’Jury decidéiert, wéi eng Kandidaten an déi 2. Ronn kommen. Dat sinn d’Halleffinalisten. 10 vun dëse Kandidaten packen et an d’Finall de 4. Abrëll.
Vun all deene Kandidaten déi net vun der Jury zeréckbehale goufen, kënnt um Enn trotzdem 1 an d’Finall an dee gëtt vum Public bestëmmt.
De Voting leeft bis de 26. Mäerz um 20:00 Auer.
1. Voting op RTL.lu
Op http://tele.rtl.lu/magazin/talents/voting/ sinn all Videoen vun den Halleffinalisten ze gesinn déi vum Jury ausgewielt goufen. All ageschriwwene User vun RTL.lu kann op där Säit seng Bewäertung fir d’ Halleffinalisten ofginn. Et ass eng Bewäertung tëscht 1 (schlecht) an 10 (gutt).
Um Enn vum Voting huet all Halleffinalist eng Moyenne tëscht 1 an 10. Aus der Moyenne ergëtt sech eng Plazéierung. Déi Plazéierung zielt fir 50% vum Ennresultat.
2. SMS Voting
Op http://www.youmake.tv/users/wdek sinn d’Videoen vun alle Kandidaten ze gesinn, och déi vun deene Kandidaten déi net vun der Jury zeréckbehale goufen. Jiddereen deen eng lëtzebuerger Handynummer (Voxmobile, Tele2 Tango, Luxgsm) huet, ka beim SMS Voting matmaachen. Fir eng Stëmm ofzeginn, muss een en SMS mat RECALL an der Nummer vum Favorit (Beispill: RECALL 354) op de 62468 (50 cts/SMS) schécken.
Fir d’Halleffinalisten zielt d’Plazéierung am SMS Voting fir 50% vum Ennresultat.
Fir déi aner Kandidaten, déi vun der Jury eliminéiert goufen, zielt den SMS Voting fir 100% vum Ennresultat.
3. Resultat vum Voting
Fir all Halleffinalisten gëtt nom Enn vum Voting d’Plazéierunge vum Voting op RTL.lu a vum SMS Voting zesummegerechent. Aus der Zomm ergëtt sech eng definitif Plazéierung. Déi 10 Kandidate mat der beschter definitiver Plazéierung kommen an d’Finall de 4. Abrëll.
Fir déi Kandidaten déi net vun der Jury um Casting zeréckbehale goufen, entscheet d’Plazéierung am SMS Voting. Dee Kandidat mat de meeschten SMS Voten gëtt „repêchéiert“, dat heescht kënnt awer an d’Finall.
An der Finall trieden 11 Kandidaten während enger Live-Emissioun op der Télé de 4. Abrëll géinteneen un. All Kandidat huet maximal 3 Minutten fir seng Performance. No all Optrëtt kann de Public während 2 Minutten fir dee Kandidat iwwert SMS voten. Fir eng Stëmm ofzeginn, muss een en SMS mat WINNER an der Nummer vum Favorit (Beispill: RECALL 10) op de 62468 (50 cts/SMS) schécken.
De Gewënner ass de Kandidat mat der beschter Plazéierung am SMS Voting.