Wat ass an där Hal? Wéi gesäit et an där Bréck aus? Kann een op deen Tuerm klammen?
Geheimnisser lëften, Verstopptes weisen, Onbekanntes presentéieren, dat ass d'Zil vun eiser neier Télés-Serie "Top Secret", déi sech inspiréiert un de Bestseller "Top Secret 1 bis 3" vu Marc Wilwert, Luc Marteling, Marc Thill a Claude Feyereisen bei den "éditions saint-paul". Et geet also op Plazen, fir déi et normalerweis heescht: "Entrée interdite". Loosst Iech iwwerraschen ...





