Episod 4, 5, 6 a 7 Saison 21
RTL - 30.03.2012, 11:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.03.2012, 12:07

E puer klassesch Film Monster gi vun hiere Fraen ugegraff. D’Lisa an de Bart tausche Morden an enger Hitchcock Parodie. De Bart ass de Schlëssel fir Springfield vrun Zombien ze retten an de Moe mixt a senger Microbrauerei de Béier mam Homer sengem Blutt.
Episode 5 Saison 21: "Kalenner-Marge"
Dem Homer säi Liewe gëtt ëmmer méi schlëmm vun un dass hien dem Carl säin Assistent ass. Dobäi kënnt och nach dass d’Marge sech fir en erotesche Kalenner fotograféiere gelooss huet.

Episode 6 Saison 21: "D’Hex an den Humpejang"
D’Lisa gëtt d’Frëndin vun enger Grupp vun Hexen, déi d’Awunner vu Springfield solle verflucht hunn.
Episode 7 Saison 21: "Spiichten a gesonde Kascht"
De Skinner erzielt dem Bart vun engem fréiere Schüler aus der Elementar Schoul vu Springfield, deen de gréisste Witzbold vun allen Zäite war. D’Marge probéiert just nach natierlech a gesond Liewensmëttel anzekafen
