![]() | Lëtzebuerg stécht nom Blockage vun der Tripartite an enger Situatioun déi sech ëmmer méi zouspëtzt. Wei grave ass d’Krise an där mer den Moment stiechen, wei ass déi wirtschaftlech Lag vun eisem Land wierklech? Froen an Äntwerte ginn et dëse Sonnden an der Emissioun Kloertext mat Invitéen déi net um Tripartite Dësch souzen, mä en excellent Kenntniss vun der Situatioun hun an kennen matdiskutéieren. D’Opname vun dëser aktualitéitsgebonnener Emissioun ass dësen Freiden um 14h an eisem Studio an dir kennt live mat dobäi sinn. Mellt iech einfach u fir d’Diskussioun virun deenen aneren am Public matzeerliewen. |
|