KINNEKSKANNER: De groussen RTL-Documentaire

14.02.2016 / 01:05:22

D'Deborah Ceccacci, de Marc Aragones an d'Dominique Da Silva, krute ganz exklusiv Ablécker an hunn déi groussherzoglech Famill ee Joer laang begleet.

Wéi gesäit den Alldag hannert den Diere vum groussherzogleche Palais aus? Wat fir eng Rollen hunn déi eenzel Membere vun der groussherzoglecher Famill? Wéi gesäit hiert deeglecht Liewen aus a wéi sinn si ganz privat? Eng RTL-Équipe krut ganz exklusiv Ablécker an huet déi groussherzoglech Famill ee Joer laang begleet a mat hinnen iwwert hiert Liewen, hir Relatiounen an hir Engagementer geschwat. Vun de Kulissen vum Palais, dem Liewen zu Bierg, de groussen Evenementer a Visiten, bis hin zu exklusive Famillje Momenter: “KINNEKSKANNER – Ee Joer am Liewe vun der groussherzoglecher Famill”, en eemolegt Zäit Dokument vum Deborah Ceccacci, Marc Aragones an Dominique Da Silva.